Schoulfest den 8. Juli 2019

Léif Schüler/Innen,

Dëst Joer fënnt d ‘Schoulfest den 8. Juli 2019 statt.

Wéi der vläicht schonn gesinn hutt, kann een sech op Plakater bei verschiddenen “Aufgaben” bis spéitstens den 17. Juni 2019 aschreiwen. ( déi hänken un der Mauer vum Schülercomité ënnen bei der grousser Trap).

 Bei folgenden Proposen kennt der Iech aschreiwen:

Auditions: Kennt der sangen, gutt Witzer erzielen oder en aneren Entertainment? Dann schreift Iech hei an

Stänn: Hutt der eng Iddi fir en Stand? Wëllt der eppes ze iessen/drénken verkafen oder wëllt der den Schüler eppes proposéieren z.B. eppes gestalten/molen…? Dann kennt der Iech op dësem Plakat aschreiwen (d’Standkäschten bedroen 10 €, d’Suen déi eran kommen kennt der halen oder spenden)

Volontaire: Wëllt dir beim Oflaf, Opbau an Ofbau vum Schoulfest hëllefen? Dann mellt Iech op dëser Fiche un

 

Och per Mail kennt der är Participatioun beim Schülercomité eran ginn : comite-eleves@lmrl.lu

 

Den Oflaf wäert folgendermoossen sinn:

Um 09h45 geet et lass an dauert bis 14h00 wou de leschten Appel nominal wäert sinn. (och um 12h00 ass en Appel)

 

Fir weider Infoen kennt der Iech gär beim Schülercomité ënner comite-eleves@lmrl.lu mellen.