Charte

Et gëtt e klenge Fiisschen,

dee schafft an deen ass frou,

seng Schoul, dat ass de Rodange

an do leeft et esou:

 

Fiissercher solle léieren,

no gudder Fuussenaart,

et géif si fatzeg stéieren,

wier alles virgeknat.

 

Selwerbestëmmt erschaffen,

vu Wëssen dat ass top,

Gebécks muss kee vermëssen,

well dat gëtt just e Flopp.

 

De Bau ass eng Gemeinschaft,

wou een deen anere stäipt,

de Grousse kuckt nom Klengen,

domatt kommen si ganz wäit.

 

Ass dach emol e Problem,

matt engem schwéiere Fach,

da kritt de Fiisschen Hëllef,

a fällt net an e Lach.

 

Eng Partie Regele gëtt et,

déi kennen d’Fiiss genee,

datt alles fonctionnéiert,

an all Fuuss bleift um Wee.

 

Een ass ewéi deen aneren,

dat wëssen si genau,

gejot, gemobbt gëtt guer net,

Fiiss sinn dofir ze schlau.

 

Am Bau do bleift et propper,

well d’Fiiss, déi raumen op,

den Dreck, dee gëtt gesënnert,

an näischt ass op der Kopp.

 

Fuussendeeg , Rallye, Fiederfuuss,

Bazar a Klasserees,

Si Rodange-Traditiounen,

wéi wuel all Fiissche weess.

 

Fiissercher wibbele gär,

fir Sport hunn si Gespier,

vill Freed mécht do d’Bewegung,

an der Paus, am Schnéi, um Mier.

 

A Musical, Theater,

Fanfare mä och Chorale,

si kreativ Talenter,

gefrot op alle Fall.

 

Am Liesconcours gewannen,

en Challenge hunn ass gutt,

olympesch Mathe maachen,

de Fiisschen, deen huet Mutt.

 

De Fuuss ass engagéiert,

setzt sech fir anerer an,

ob Asien oder Afrika

hie mécht do, wat e kann.

 

No Première geet de Fiisschen

eraus an d’Welt ganz wäit,

en denkt nach dacks: Am Rodange,

dat war eng super Zäit!