Liesconcours

All ze oft gëtt gesot, dass d’Jugend vun haut net méi vill liest an e Buch net als e Pleséier, mä als Bestrofung ugesäit. Am LMRL si mir der Meenung, dass dat net stëmmt. Eise Liesconcours, dee schonn eng richteg Traditioun ass, encouragéiert zënter Joeren d’Schüler dozou, fir an hirer Fräizäit nach méi ze liesen a sech mat verschiddenen Thematiken auserneenzesetzen. An als flotten Encouragement gëtt et esou guer nach eppes ze gewannen!

Wéi genee leeft de Liesconcours of? All Schüler, deen drun deelhuele wëll, wielt opmannst zwee Bicher aus enger Lëscht, déi vun Enseignanten aus dem LMRL zesummegestallt gouf, aus. All d’Sprooche kënne gemëscht ginn, zum Beispill een englescht Buch an ee franséischt. Et gëtt kee Limit no uewe fir d’Unzuel vu Bicher, déi kënne gelies ginn. De Schüler mellt sech iwwert en online Formulaire fir de Concours un a liest dann déi Bicher, fir déi hie sech ugemellt huet.

E bëssche méi spéit ass dann den eigentleche Liesconcours, e klengen Test, an deem de Schüler beweist, dass hien d’Buch gelies an och verstanen huet. De Schüler mécht fir all Buch, fir dat hie sech ugemellt huet, esou en Test. Dës Tester hu keen Afloss op d’Zensur vum Schüler, awer wann hie sech gutt klasséiert, da kann hie Präiser gewannen, vun engem Bicherbong bis hin zu engem all-inclusive Dagesausfluch méi spéit am Joer. De Schüler hier Äntwerte ginn och net mam “roude Bic” verbessert, esou dass de Schüler och kann, an esouguer soll, a Sprooche matmaachen, an deenen hien nach net esou staark ass.

Sämtlech Informatiounen, vun de Bicher bis hin zu de wichtegen Datumen, fannt dir op dëser Säit!